1965 ass de Jean-Jacques Bley zu Diddeleng
gebuer a gouf ganz jonk a senger Famill mat Musek konfrontéiert, dëst
esou gudd instrumental wéi mat Gesank.
Am Alter vu 9 Joer huet de Jean-Jacques
nom Bügel säi Lieblingsinstrument, den Euphonium, am Escher Conservatoire
an der Klass vum Här Robert Weyland entdeckt. Hei huet hien ënner
anerem Musekgeschicht, Kammermusek, Gei a Piano geléiert.
Fir sech ze perfektionnéieren
huet hie weider u Coursen deelgeholl, wéi zum Beispill d'Masterclasses
vum John Fletcher a vum Robert B. Childs, ...
Duerch d'regelméissegt Optrieden
mat verschiddenen Orchestren a Musekgruppen am Letzebuerger Land an iwer d'Grenz
eraus huet hie sech profiléiert, säin eegene Stil geformt a sech
als Solist ofgezeechent.
Fir datt säin Instrument beim Vollek
nach méi bekannt a beléift gëtt, ass hien och bei de Grënnungsmemberen
vum Consabora Salsa Orquestra a vum Luxembourg Tuba Consortium a.s.b.l.
Säit 1979 gehéiert de Jean-Jacques
zu der Brass Band vum Escher Conservatoire an de Stull vum Euphonium-Solo
gëtt do vun him besat.
Och bei der U.G.D.A. (Union Grand-Duc
Adolphe), der nationaler Federatioun vun der Musek am Groussherzogtum Lëtzebuerg,
ass de Jean-Jacques Bley scho 35 Joer laang als Museker, Enseignant oder als
Orchesterchef aktif.
Seng Carrière als Dirigent, resp.
Orchesterchef, huet hien am Alter vun 20 Joer ugefaangen. Während dëser
Zäit huet de Jean-Jacques de Bengel bei der Harmonie zu Réiden
un der Attert, bei der Fréisenger Fanfare, bei der Bieleser Musek a
bei der Union Fanfare vu Bartreng geschwéngt.
De Moment ass hien och Dirigent bei der
Greiveldenger Fanfare a geet weiderhin senge berufflechen Aktivitéiten
am Escher Conservatoire no.
Dirigent ass de Jean-Jacques Bley bei
eis zënter Oktober 2006.